Remise des diplômes et des prix 2023

06/07/2023

Leschten Donneschden hu mir, a Präsens vun der Madame Vice-Premier Ministre Paulette Lenert, Vertrieder aus der Gemeng Jonglënster an villen aneren Éieregäscht, eise Schüler vu Première hir Diplomer feierlech iwwerrescht.

Vun der Chambre de Commerce du Luxembourg an der Chambre des salariés Luxembourg goufen och Präisser un déi bescht Schüler iwwerreescht, souwéi d’Auszeechnungen fir 3 élèves méritants vu all de Premièresschüler. Bravo !

Villmools Merci un eis Schüler an Enseignanten, déi eis duerch den Owend musikalesch begleed hunn, eiser S3FR fir de flotten Catering an d'Dekoratioun, an dem Schülercomité fir hiren Engagement.

Mir wënschen eise Laureaten alles Guddes a vill Erfolleg fir hir weider Zukunft! Feliciatiounen nach eemol fir dësen schéine Succès un all eis Primaner.